Crassier Gadderscheier Suessem/Déifferdeng

An der Gemengerotssitzung vum 15. Januar wuar gewuer ze ginn, dass eis Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Binz an Ofsprooch mat der Buergermeeschtesch vun Déifferdeng Chritiane Brassel-Rausch hir Accorde fir eng Baugeneemegung fir den „Remblai technique“ an der Zone
Gadderscheier, op der Platz „Aleweier“ ginn hunn. An dat als Decharge wéinst dem Bau vum neien Escher Spidol. 2018 haten béid Gemengenréit an engem Vott unanime hier „Opposition formelle“ ausgeschwat an ugekënnegt all weider Baugeneemegung ze refuséiert, bis eng Etüd gemaach ass,
ënner anerem iwwert d’Sickerwaasser, wat riskéiert eist Drénkwaasser ze verseuchen.
Eng EIE-Etüd ass elo lancéiert ginn an wäert net virun 2 Joer ofgeschloss sinn. Eng Pompel soll op dëser Decharge d’Sickewaasser op d’Schiedlechkeet kontrolléieren fir direkt kënnen anzegräifen.
Dat mécht eis als BIGS awer Suergen, wëll wann d’Pompel bis „Alarm“ schléit ass jo schonn dat gëftegt Waasser am Buedem. Firwat gouf de Problem nëtt am Gemengerot diskutéiert, souwéi virun 2 Joer, éiert eng Baugeneemegung ausgeschwat ginn ass? Affaire à suivre…



